Bei eis hëlt Ären Hond um deegleche Familljeliewen deel. Mir këmmeren eis em hien, wéi wann et eisen eegene wier. Hie gëtt net agespaart a ka fräi duerch dat ganzt Haus an de Gaart lafen. Am Summer steet och eng speziell Muppeschwemm zur Verfügung

En plus gi mer mindestens 2 mol den Dag mat him an der fräier Natur trëppelen. (Bëscher, Gewaan ...)

Wann Ären Hond speziell Soine brauch oder ee Regime muss anhalen, da sot eis Bescheed, erklärt eis d'Detailer a loosst eis d'Medikamenter do, fir dass mer eis och an deem Fall optimal em d'Déierche këmmere kënnen.

Wann Ären Hond ee Rendez-vous beim Déierendokter oder beim Salon de toilettage huet, fuere mer och mat him op säi Rendez-vous.

Wat fir eis wichteg ass, ass dass de Mupp sech gutt mat sengen Aartgenossen, déi och bei eis zu Besuch sinn, versteet.

Fir dass d'Muppen sech bei eis wuel fillen, huele mer nëmmen eng limitéiert Zuel un. Nëmme sou ass garantéiert dass jiddereen vun hinnen déi néideg Zouneigung ka kréien.

Well mer d'Hënn net isoléieren, kënne mer keng Muppemeedercher acceptéiere fir d'Dauer wou se leefeg sinn!

Wann der weider Detailler wëllt, da kontaktéiert eis.